· 

Stätteschen Touch fir Housen

Wunnen wéi an der Stat

Housen, en Éisleker Bauerenduerf vu knapps 1.100 Awunner, wëllt sech een Hauch vu Statliewe ginn. Al Gebaier musse Plaz maache fir modern Cuben aus Beton a Glas. Schliisslech hunn eng Rëtsch Nopeschdierfer den Trend vun der Zäit ewell erkannt an hu längst dat aalt Gemaiesch ewechgerappt a grouss Schongkëschten dohinner geplanzt, wou zwar kee Mënsch dra wunnt, dofir hunn awer honnerte Bréifkëschtefirmen do een neit Doheem fonnt.

Housen wëllt net weider eng Aussesäiterroll bei der "Renovéierung" vum Éislek spillen an huet dofir gréng Luucht ginn fir en ale Komplex an der Haaptstrooss, matzen am Duerfzentrum, dem Äerdbuedem gläich ze maachen. Amplaz kënnt och do een imposanten, mächtege Cube, mat Butteker an engem Restaurant um Rez-de-Chaussée an Appartementer op den dräi ieweschte Stäck.

De geplangte Koloss gëtt am modernen hell- an donkelgroe Beton gehalen. Awer ëmmerhin ass eng kleng gréng Bordür tëscht dem Trottoir virun der Residence an der Haaptstrooss virgesinn, sou dass Housen net nëmmen ee stätteschen mais gläichzäiteg een ökologeschen Touch kritt.

Op dëse Fotoe gesäit een, wat nis de Juli 2021 fir en Haus do stung, wat iwwreg bliwwen ass a wat dohinner stoe kënnt.

Kommentar schreiben

Kommentare: 0