· 

USA : Stroftäter gi mat Zyklon-B vergaast

Wéi bei de nationalsozialisten

Arizona am Südwesten vun den USA gëtt vun de Republikaner regéiert.
Arizona am Südwesten vun den USA gëtt vun de Republikaner regéiert.

Des Noochricht huet mech schockéiert: Am US-Staat Arizona, dee vun de Repulikaner regéiert gëtt, gëtt d’Doudesstrof an Zukunft nees mat Vergasung vollstreckt.

D’Regierung aus dem Arizona huet dofir extra eng Gaskummer, déi 1949 gebaut gouf awer zanter 1999 net méi a Betrib war, renovéiere gelooss.

No der leschter Hiriichtung per Vergasung, ass des Art vun Exekutioun agestallt ginn, well den Doudeskampf ganzer 18 Minute gedauert huet.

No der Moderniséirung vun der Gaskummer, soll des nees reaktivéiert ginn, well ëmmer méi Fournisseuren aus dem Pharmaberäich refüséieren, d’Substanzen fir d’Gëftsprëtz un d’USA ze liwweren.

77 Joer nom holocaust

Bléck an d'Gaskummer vum Arizona. Den Doudeskandidat gëtt un de Stull gefesselt an da gëtt de Gëftgas Zyklon-B erariesele gelooss. No e puer Otemzich soll den Häftling dout sinn.
Bléck an d'Gaskummer vum Arizona. Den Doudeskandidat gëtt un de Stull gefesselt an da gëtt de Gëftgas Zyklon-B erariesele gelooss. No e puer Otemzich soll den Häftling dout sinn.

D’Gaskummer werd mam Gëftgas Zyklon-B fonktionnéieren. Et handelt sech dobei em deeselwechte Gas, deen d’Nazien tëscht 1942 an 1944 an de Vernichtungslageren wéi Auschwitz agesat hunn a mat deem Millioune Judden, Sinti a Roma a Krichsgefaangener embruecht goufen. Nodeem scho vun 1939 un a verschiddene KZer eng Rëtsch Versich gemaach goufen, hunn d’Nationalsozialisten sech schliesslech fir de Gas Zyklon-B  entscheed, well dësen esou « effektiv » war. De Wierkstoff vum Zyklon-B ass Blosaier a sollt ursprünglech an der Schädlingsbekämpfung agesat ginn. 77 Joer no der Befreiung vum éischte KZ duerch d’Rout Arméi, soll an den USA also op en Neits Zyklon-B zum Asaz kommen fir Mënschen emzebréngen.

Fir de Joresbericht vun Amnesty International vun 2020 ze liesen, deen de 27. Mee 2021 püblizéiert gouf, w.e.g. op d'Bild klicken.
Fir de Joresbericht vun Amnesty International vun 2020 ze liesen, deen de 27. Mee 2021 püblizéiert gouf, w.e.g. op d'Bild klicken.

De Gëftcocktail soll an den USA selwer hirgestallt ginn. Onweigerlech bréngt een de Gas Zyklon-B mam Holocaust a Verbindung. Déi auslännesch Press huet iwwert déi skandaléis Virgehensweis am Arizona bericht. Firwat zu Lëtzebuerg net ee Medium dorop agaangen ass, ass net gewosst. Vläicht kéint eisen Ausseminister jo mol bei Geleegenheet op déi onerhéiert Zoustänn hiweisen. Amnesty International huet sech viru kuerzem ageschallt. Hei kann een de Communiqué vun AI vum 4. Juni 2021 liesen. hh.

Kommentar schreiben

Kommentare: 0