· 

19.6.2021 um 11 Auer - Protestpiquet Ettelbrécker Gare

Géint d’Ofrappe vun der Gare

De Facebookgrupp Luxembourg Under Destruction rifft fir e Samschdeg, 19. Juni 2021vun 11 bis 12 Auer, dozou op, un engem Protestpiquet deelzehuelen, dee sech géint d’Decisioun vun de politesch Verantwortlechen um nationalen an um kommunale Plang riicht, déi 160 Joer al Ettelbrécker Gare ofzerappen an duerch ee weidere Cube ouni Charme an ouni Séil ze ersetzen.

Als Virwand déngt de Bau vun engem Tunnel ënnert der aktueller Gare, mat deem d’N7 deelweis soll ënnerierdesch geluecht ginn.

Dass dëst awer just ee Schäinargument ass, gouf op villen anere Plazen am In- an am Ausland gewisen, wou et problemlos méiglech war, Tunnellen ënnert bestoende Gebaier ze bauen.

Déi 160 Joer al Ettelbrécker Gare gëtt duerch ee fonktionelle, moderne Cube ersat.
Déi 160 Joer al Ettelbrécker Gare gëtt duerch ee fonktionelle, moderne Cube ersat.
Déi al Gare ass net méi gutt genuch. Si passt net an d'Konzept vum "Pôle d'échange multimodal", wéi d'Gare an Zukunft werd genannt ginn.
Déi al Gare ass net méi gutt genuch. Si passt net an d'Konzept vum "Pôle d'échange multimodal", wéi d'Gare an Zukunft werd genannt ginn.

D’ Gare ass net nëmmen ee Symbol vun Ettelbréck selwer, mais ass och ee wichtegen zäithistoreschen Zeie fir d’Industriearchitektur an eisem Land.

An engem gutt recherchéierten a rezent presentéierten Dossier, huet Luxembourg Under Destruction viru kuerzem eng Rei Alternativen zu der brutaler Demolitioun vun der Gare opgewisen. Sou kéint d’Gebai ofgerappt an op enger anerer Plaz nees Stee fir Steen opgebaut ginn. Oder se kéint mat Hëllef vun enger spezialiséierter Firma aus dem Ausland op eng aner Plaz geréckelt ginn.

Luxembourg Under Destruction hat d’lescht Joer op sech opmierksam gemaach, wéi et dem Grupp gelonge war, bei enger ëffentlecher Petitioun 5249 Ënnerschrëfte fir ee bessere Schutz vun eisem bebaute Patrimoine ze sammelen an eng Debatt an der Chamber iwwert den Denkmalschutz ze kréien.

Wichteg ass et, Faarf ze bekennen an eise politeschen Decideuren ze weisen, dass et duergeet mat der absurder a récksiichtsloser Zerstéierung vun ale Gebaier, déi duerno systematesch duerch onfrëndlech, ofstoussend, kal a langweileg Schongkëschten aus Beton a Glas ze ersetzen. hh.

Kommentar schreiben

Kommentare: 0